Skip to main content

EIS GRONDSÄTZ

All Kand ass eng eegestänneg Persoun, mat individuellen Fäegkeeten an Bedierfnisser. Ganz nom Konzept vum Emmi Pikler, un deem mir eis orientéieren, begleeden mir Äert Kand am Alldag andeems mir eng Vertrauensbasis opbauen an et bei enger autonomer Entwécklung ënnerstëtzen.

Mir leeën grousse Wäert op d’Léieren vu Sproochen an esou bidde mir de Kanner dagdeeglech een méisproochegt Ëmfeld, un deem si duerch Spiller, Aktivitéiten, Erzielungen,… aktiv deel huelen.

Un portrait d'Emmi Pikler. Nous suivons la méthode Pikler dans notre éducation. Nous donnons ainsi aux enfants la liberté de s'épanouir sous surveillance, afin de les aider à devenir des individus autonomes.
Emmi Pikler

Eis Visioun

Eis Strukture bauen op eng offe pedagogesch Aarbecht, déi di fräi Wiel an d’Autonomie beim Kand fërdert. D’Kand ass kompetent an hëlt aktiv u senger eegener Entwécklung deel, andeems et vun enger privilegéierter Betreiung vu sengem Referenz-Educateur profitéiert. Dat Ganzt ëmmer am Kader vun enger häerzlecher Kommunikatioun, déi d’Selbstgestaltung fërdert.

Deux enfants sont en train de lire dans un coin où l'on peut voir quelques coussins. On voit également un éléphant en peluche à l'arrière-plan. Ces lieux de retraite permettent aux enfants de pratiquer les activités qu'ils préfèrent.

Eis Ariichtungen

Dat alldeeglecht Ëmfeld vun de Kanner huet bei eis een ganz héije Stellewäert. Vill Raim sinn esou ageriicht, datt d’Kand seng Bedierfnisser op verschidden Aart a Weise stëlle kann. Eis Ariichtung ass komplett u Kanner ugepasst an erlaabt eis, d’Butzen an hirer autonomer Entwécklung ze guidéieren.

Quatre enfants lisent ensemble dans un coin prévu à cet effet. Par la fenêtre, on voit l'extérieur. Ils sont tous différents, il y a un garçon blond à la peau très claire, mais aussi un autre qui a l'air un peu plus méditerranéen. Comme les enfants peuvent souvent choisir eux-mêmes leurs activités, nous encourageons leur soif d'apprendre dans le programme de nos crèches.
Quatre enfants lisent ensemble dans un coin prévu à cet effet. Par la fenêtre, on voit l'extérieur. Ils sont tous différents, il y a un garçon blond à la peau très claire, mais aussi un autre qui a l'air un peu plus méditerranéen. Comme les enfants peuvent souvent choisir eux-mêmes leurs activités, nous encourageons leur soif d'apprendre dans le programme de nos crèches.

Eist Partenariat mat de Famillen

D’Opbaue vun enger edukativer a vertraulecher Partnerschaft mat de Famillje läit eis ganz besonnesch um Häerz. Mir leeë vill Wäert op d’Vertraue vun den Elteren a wëllen dëst mat maximaler Transparenz weiderhin ausbauen.

Fir d’Charakteristike vu jidderengem kennenzeléieren, besteet eng Agewinnungszäit fir all Kand, dat an enger Butzemillen opgeholl gëtt. Fir d’Bezéiung ze verdéiwe gi reegelméisseg, wärend dem Kand sengem Parcours an der Butzemillen, formell an informell Treffen organiséiert.

Eist Zil ass et, den Elteren an de Kanner all Dag en häerzlecht Ëmfeld ze bidden an deem jiddereen sech wuel fillt.

Trois parents assis par terre. Autour d'eux courent trois enfants qui jouent avec divers jouets. Le fait que les parents puissent rendre visite à leurs enfants dans les crèches renforce la relation de confiance entre les enfants.