Skip to main content

EIS GESCHICHT

D’Geschicht vun der Butzemillen geet op d’Joer 2013 zeréck, wou mir déi éischt Butzemillen Crèche zu Waarken opgemaach hunn. Dës steet um Site vun der fréier Millen, déi vum Enn vum 17. Joerhonnert bis an d’Joer 1979 hei hir Plaz hat. Op der Sich no eisem Numm, hunn mir eis vun dëser historescher Plaz inspiréiere gelooss. Ewéi mir festgestallt hunn, datt d’Elteren immens frou mam Resultat vun eisem pedagogeschem Konzept waren a besonnesch, ewéi mir d’Butzen gesinn hunn voller Freed Richtung Zukunft ze goen, hunn mir d’Decisioun geholl, méi grouss ze ginn.

Une image sépia montre un bâtiment à Warken. Il semble idyllique avec quelques arbres au premier plan et son environnement villageois. Il s'agit de la première crique de Butzemillen, construite sur l'emplacement d'un ancien moulin (Millen en luxembourgeois) en 2013. Le moulin avait déjà été démoli en 1979.

EIS WÄERTER

Mir zeechnen eis duerch eis edukativ Grondsätz aus:

  • Den individuellen a spezifesche Wënsch vun de Kanner nolauschteren a si dobäi begleeden
  • D’Valorisatioun vun der Zesummenaarbecht mat de Familljen an d’Adaptatioun un hire Liewensrhythmus.

Esou ass d’Butzemillen am Laf vun de Jore méi grouss ginn, mat haut, verschiddene Crèchen a Foyers de Jour am Norde vu Lëtzebuerg. Eis professionnel Ekipp assuréiert de Fonctionnement vun all eise Butzemillen, mat als Missioun, dem Wuel vun de Kanner.