Skip to main content

EIS PHILOSOPHIE

Sech individuell entwéckelen a seng Platz an der Gesellschaft fannen: eng echt Erausfuerderung fir all Kand!

Mir hunn eis d’Missioun ginn, Äert Kand op all Entwécklungs-Etapp ze begleeden, z’ënnerstëtzen an z’encouragéieren. All eis Strukturen si fir eis eng Platz vun interaktiver an oppener Erzéiung. Mir distanzéieren eis vum konventionelle Bild vun der einfacher Kannerbetreiung a schafe Reim, wou op méi Manéieren experimentéiert gëtt a wou d’Kanner sech fräi entfale kënnen. Konzepter wéi Matbestëmmung, Deelhuelen an Autonomie integréieren sech sou vum selwen an den Alldag an eise Butzemillen.

Trois adultes sont assis par terre avec trois enfants. Ils jouent ensemble, l'ambiance est joyeuse et on voit la confiance qui s'installe. En impliquant les parents dans le quotidien des enfants dans nos crèches, nous créons une base de confiance profonde qui permet aux enfants de se sentir chez eux dans nos crèches.
On y voit six enfants assis sur une surface verte et jouant ensemble avec des blocs de construction. Jouer ensemble favorise les compétences sociales et permet aux enfants de nouer de nouveaux contacts dans nos crèches.
Virschléi fir verschidden Treffe mat den Elteren:  Individuell Rendez-vousen, Eltere-Kaffi zu enger bestëmmten Thematik, Austausch am Kader vun Evenementer an de Strukturen.
Suivi vun der pedagogescher Orientéierung a Betruechte vun all Kand als vollwäerteg Persoun mat individuelle Fäegkeeten a kapabel, seng eegen Decisiounen ze huelen.
Suivi vun der professioneller Entwécklung vum Erzéiungspersonal. Duerch Beobachtungen, geziilt Weiderbildung esou wéi Momenter vum Austausch, kann eis Ekipp op Froen a Reflexiounen agoen a gëtt den Erausfuerderunge gerecht.

Eist Betreiungspersonal

PATSCHKE Iris

GALASSO Alexandra

Directrice Pédagogique

LAURENT Bérangère

Responsable Formation / Coordinatrice pédagogique

Eis Charta

Fir Qualitéitsaarbecht bei de Kanner a Famillen ze garantéieren,
hu mir eng Aarbechts-Charta opgestallt.

Bei der Butzemillen verflicht sech all Mataarbechter fir…

All Kand a seng Famill ouni Virurteeler z’empfänken

D'Kand an d’Mëtt vun den Iwwerleeungen ze setzen

All Kand mam Virnumm unzeschwätzen

Aktiv Nozelauschteren

Sech beim Ënnerhale mam Kand op seng Héicht ze beginn

d'Ëmfeld de Bedierfnisser an dem Interessi vun all Kand unzepassen

D’Kand als kompetent Persoun ze betruechten, déi fäeg ass, Entscheedungen ze huelen

Eng Atmosphär vu Vertrauen, Wuelbefannen an Häerzlechkeet ze garantéieren

All Kand Zäit ze loossen, säi Spill fäerdeg ze maachen, auszeschlofen, fäerdeg ze dreemen

D’Kand a senger Entwécklung a sengen Erfarungen ze begleeden

Léif mam Kand ze schwätzen

All Kand gesond, ofwiesslungsräich an equilibréiert Moolzechte mat frëschen, saisonale Produkter unzebidden

Seng Verspriechen anzehalen