EIS PEDAGOGESCH OFFEREN
" All Kanner hunn eng Form vu Genie; den Trick ass et an hinnen z'erwächen. "- Charlie Chaplin Iwwer déi einfach Kannerbetreiung eraus, bidde mir eng breetgefächert Gamm vun Aktivitéiten un, déi un d'Bedierfnesser vun Ärem Kand ugepasst ass. Mir gesinn all Kand als eegestänneg Persoun, mat individuellen Fäegkeeten an Bedierfnisser, un. D’Deelhuelen un Aktivitéiten ass fräiwëlleg an d’Kand genéisst eng privilegéiert Begleedung vu sengem Referenz-Educateur. Eis Butzemobiler erlaben eis d’Kanner fir d'Welt baussent de Butzemillen ze interesséieren! Mir bidden hinne verschidden Ausflich an Aktivitéite wéi zum Beispill: Besuch op engem lokale Maart, enger Spillplaz oder an engem Themepark, Ausfluch an de Bësch, an d'Schwämm, op e Picknick a villes méi. Dës Aktivitéite ginn ouni zousätzlech Käschte fir d'Elteren ugebueden.
![](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2023/07/parent-e1690288754628-1000x983.jpg)
Eis Zesummenaarbecht
Et läit eis um Häerz, all wichteg Momenter vum dagdeegleche Liewe vun Äre Kanner ze deelen. Aus dësem Grond, heesche mir Iech häerzlech wëllkomm, eis Ären Alldag méi no ze bréngen.
Zéckt net, e bësse vun Iech an eisen Alldag ze bréngen!
- Kuckt all Dag d’Bichelche vun Ärem Kand an entdeckt säin Dagesoflaf
- Géift Dir eis gären op ee vun eisen Ausflich begleeden?
- Huelt Deel un der Kreatioun vum Portfolio vun Ärem Butz. Loosst eis seng Entwécklung deelen an Erënnerunge schafen.
- Wënscht Dir Iech, Ärem Kand an anere Butzen Äre Beruff oder Är Passioun méi no ze bréngen?
- Kënne mir eis mat verschiddene Kulture beräicheren, andeems mir Är deelen?
- Oder genéisst einfach een Elteren/Kanner/Educateur Elteren/Kanner/Educateur Moment vum Austausch.
Mir lueden Iech an, Är Iddien a Virschléi mat eiser Ekipp ze deelen. Zesumme kënne mir Är Projeten da konkretiséieren.
![](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2023/07/hygiene2-e1690289525121-1000x955.jpg)
Eis Ritualer
An eise Crèchen a Foyers de Jour erlaben eis Ritualer eis, gereegelt Ofleef am Alldag ze hunn an d’Iwwerleedunge méi einfach ze maachen. Op dëst beim Accueil, beim Iessen, bei enger Aktivitéit oder beim Wiessel vun der Grupp ass: d’Kanner sinn ni op sech eleng gestallt. Eis Ritualer bidden de Kanner kloer Orientéierungspunkten, ee Gefill vu Sécherheet a vu Vertrauen an si entwéckele Selbstännegkeet ewéi och ee Gefill fir d’Zäit.
![Un groupe d'enfants se trouve en forme de cœur autour du drapeau luxembourgeois. L’image représente les nombreuses fêtes qui sont célébrées dans nos crèches. En plus des fêtes traditionnelles comme la Saint-Nicolas, nous avons notre propre fête, le Butzefest. Chaque dernier jeudi du mois a lieu le Celebration Day. Ces fêtes contribuent à renforcer la cohésion du groupe et offrent la possibilité de nouer de nouveaux contacts et de nouvelles amitiés.](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2021/12/Célébration-resize.jpg)
Eis Fester
Celebration day
All leschten Donneschdeg am Mount organiséiert all Butzemillen ee klengt Fest, fir d’Gebuertsdeeg vun de Kanner an den Educateuren, vun deem Mount, ze feieren. Deen Dag baken d’Kanner Kuchen a mir hunn een extra Pizza-Menü.
Kleeschen
All Joer kënnt de Kleeschen an eis Butzemillen a bréngt all eise Butzen eng kleng Iwwerraschung mat. Mir invitéieren d’Famillen dobäi ze sinn, fir zesummen een opreegenden an schéinen Moment ze erliewen.
Butzefest
Am Summer organiséiere mir an all Butzemillen eist ,,Butzefest“. Dat ass eng flott Geleeënheet, d’Kanner an hier Elteren an engem anere Kader ze erliewen. Wann di Kleng an d’Spillschoul kommen, ass dëst och de Moment, fir hinnen Äddi ze soen. All Kand kritt dann e puer nëtzlech Saache fir an d’Schoul, eis Manéier, den neien Liewensofschnëtt ze feieren.
An nach vill aner Momenter…
All eis Strukturen feiere reegelméisseg aner Evenementer. Dat geschitt a Funktioun vun de Bedierfnisser a Wënsch vun de Kanner.
Fuesent-Ouschteren-Mammendag-Pappendag-Weltdag vun de Kannerrechter…
![Une femme se tient au-dessus d'un enfant qui saisit un appareil de cuisine. On voit également un paquet de magarine. Les enfants sont impliqués avec nos éducateurs dans des tâches quotidiennes comme la préparation des repas, ce qui leur permet d'apprendre très tôt à prendre des responsabilités et les prépare à leur vie future.](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2021/12/socialisation.jpeg)
Eis Begleedung bei der Sozialiséierung
D’Kanner gi bei der Entwécklung vun hierer Identitéit begleet. Duerch ee räicht Ëmfeld mat ville verschiddenen Aflëss an Interaktiounen entwéckelt d’Kand seng Sozialiséierung.
![On voit le parcours routier d'une de nos crèches qui est prévu pour les bobbycars. A un carrefour, un enfant est debout sur sa voiture devant un feu rouge, devant lui se trouve un véhicule vide. Au feu rouge, un enfant attend en tant que piéton. De telles infrastructures aident les enfants à s'expliquer le monde qui les entoure, favorisent les déductions logiques et la compréhension des relations entre les différents facteurs de leur environnement.](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2021/12/Moteur.jpeg)
Eis Ënnerstëtzung bei der Entdeckung vun de kierperleche Fäegkeeten
Eis Raimlechkeete sinn ageriicht, fir dem Kand seng Motorik z’ënnerstëtzen: Moduler, Parcoursen, Klotermaueren, Beräicher fir ze entspanen, Kuschelecker,… Mir bidde verschidden Aktivitéiten un, déi et all Kand erlaben, säi Kierper an deem seng Plaz am Raum kennenzeléieren. Esou stinn och reegelméisseg Ausflich an d’Schwemm, a Kloterveräiner asw. um Programm, fir datt all Kand säi perséinlecht Kierpergefill ka weiderentwéckelen.
![](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2023/07/Foret6.jpg)
Eis Ënnerstëtzung bei der Entdeckung vun de sproochleche Fäegkeeten
Mir leeë besonnesche Wäert op d’Léiere vu Sproochen. Bei eis interagéieren d’Kanner all Dag duerch Spiller, Aktivitéiten, Liesungen, … an engem méisproochegen Ëmfeld. Mir passen drop op, d’Mammesprooche vun de Butzen ze valoriséieren an hinnen eng Plaz am Alldag ze ginn.
![Une fillette se tient dans une pièce colorée devant une cuisine de jeu. Nous accordons une importance particulière à l'encouragement des capacités créatives des enfants, car celles-ci peuvent favoriser le développement de la personnalité. On peut exprimer sa créativité dans de nombreux domaines, que ce soit en peignant, en lisant ou, comme ici, dans la cuisine.](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2021/12/Créative.jpeg)
Eis kreativ Entdeckungen
All Kand ass ee Kënschtler: Mir passen drop op, him en Ëmfeld ze ginn, dat et him erlaabt, sech auszedrécken, kreativ ze sinn, säi klengt Universum ze schafen a seng Identitéit z’entwéckelen.
![](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2023/07/foret-04-1000x750.jpg)
Eis wëssenschaftlech Entdeckungen
Fir d’Kanner bei der Erfuerschung an dem Verstoe vun der Welt z’ënnerstëtzen, gi mir reegelméisseg mat hinnen op Entdeckungstour an d’Natur. Mir begleeden si bei hiren alldeeglechen Entdeckungen an Erfarungen. Bei eis hunn si d’Méiglechkeet, mathematesch, natierlech, an technesch Phenomener spilleresch ze entdecken.
![On y voit une camionnette aux couleurs de Butzemillen et un grand logo imprimé. Pour que les enfants puissent pratiquer leurs loisirs et autres activités extrascolaires pendant que les parents travaillent, nous proposons le transport depuis nos crèches.](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2021/12/Butzemillen-Camionette-Square-e1640783491718.jpg)
Eis Hobbytransferten
Fir d’Kanner déi schonn an d’Schoul ginn, assuréiere mir den Transport an hier ausserschouleschen Aktivitéiten. Sou kënnen si voll a ganz vun dëse profitéieren, och wann hier Eltere schaffen.
![Un jeune est assis avec une monitrice pour faire ses devoirs. L'aide aux devoirs fait partie du quotidien des crèches. Dans une atmosphère calme, la concentration est favorisée et comme les devoirs ont déjà été faits à la crèche, les familles peuvent se concentrer sur leur vie de famille après le travail.](https://butzemillen.lu/wp-content/uploads/2021/12/Aide-aux-devoirs-cr.jpeg)
Eis Hausaufgabenhëllef
Mir begleeden Äert Kand bei den Hausaufgaben. An engem rouegen Kader, bidden mir all Dag Hausaufgabenhëllef un, esou datt d’Kanner sech gutt kënnen konzentréieren. Dëst erméiglecht et Iech voll a ganz vun Ärer gemeinsamer Zäit doheem mat Ärem Kand ze profitéieren.