EIS TRËMP
EISE BAUSSEBERÄICH
Eis Crèche / eise Foyer de jour huet ee Bausseberäich, deen no Bedarf an Interessi ëmgestalt ka ginn. Mir leeë grousse Wäert op alldeeglech Zäit an der frëscher Loft, wat ee positiven Afloss op d’Immunsystem vun de Kanner huet.
,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“
Eis Ausflich
Eis Butzemobiler erlaben eis, d’Kanner fir d’Ëmwelt ze sensibiliséieren, andeems mir hinne villfälteg Ausflich an Aktivitéiten ausserhalb vun der Butzemillen ubidden. Ausflich ewéi d‘Entdecke vun engem lokale Maart oder vun engem Theaterstéck, Besuch vun engem Themepark, enger Spillplaz oder enger Piscine, en Ausfluch an de Bësch, asw. gi reegelméisseg organiséiert.
Dës Ausflich stellen keng zousätzlech Käschte fir d’Elteren duer.