Enseignant
CDI
40 Stonnen
Mir bidden Dir d’Méiglechkeet, Dech an ee modernt a stabilt Aarbechtsëmfeld z’integréieren. Gëff Deel vun eiser enthusiastescher Ekipp a schaff mat un eiser Erzéiungs-Missioun an enger vun eise bestoenden oder geplangte Butzemillen.
Zousätzlech Informatiounen iwwert den Diplom
Et ass wichteg, bei enger Kandidatur den Diplom / d’Unerkennung vum Diplom / Registréierung vum Diplom beim Ministère de l’Enseignement Supérieur et de la Recherche, d‘Aarbechtsgeneemegung an d’Klassifizéierung vun Äerer berufflecher Qualifikatioun mat anzereechen.
An wéi enge Strukturen?
Crèche Beefort
Krittären
- Een Diplôme de fin d’Études secondaires (éducateur diplomé) hunn
- Ee Sënn fir Verantwortung an Organisatioun hunn
- Ee gefleegt Erscheinungsbild
- Pünktlech a professionell sinn
- Exakt schaffen
- Frëndlech sinn, Teamgeescht hunn an autonom, flexibel a motivéiert sinn
- Een éierlechen an oppene Charakter hunn