Skip to main content

EIS TRËMP

EISE BAUSSEBERÄICH

Eis Crèche / eise Foyer de jour huet ee Bausseberäich, deen no Bedarf an Interessi ëmgestalt ka ginn. Mir leeë grousse Wäert op alldeeglech Zäit an der frëscher Loft, wat ee positiven Afloss op d’Immunsystem vun de Kanner huet.

,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“

Eis Zesummenaarbecht mat der Bibliothéik

Fir d’Kanner an hirer Sproochentwécklung z’ënnerstëtzen, gi mir eemol de Mount an d’Wëlzer Bibliothéik. Ënner anerem ginn hei Liesungen a verschiddene Sproochen ugebueden a mir léinen och Bicher aus fir se mat zréck an eis Butzemillen ze huelen an do ze entdecken.

Eis Ausflich

Am Foyer de Jour schafft eis Ekipp vun Educateuren enk mat de Kanner zesumme fir Ausflich ze organiséieren, déi de Kanner hire Wënsch entspriechen, d’Welt z’entdecken. An der Schoulvakanz gehéieren Ausflich zu eisem Alldag: Spillplazen, kulturell Entdeckungen, Treffe mat anere Foyers de Jour, Visitten am Déierepark, …