Skip to main content

EIS TRËMP

EISE BAUSSEBERÄICH

Eis Crèche / eise Foyer de jour huet ee Bausseberäich, deen no Bedarf an Interessi ëmgestalt ka ginn. Mir leeë grousse Wäert op alldeeglech Zäit an der frëscher Loft, wat ee positiven Afloss op d’Immunsystem vun de Kanner huet.

,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“

Eis Projeten

No beim Stauséi geleeën, favoriséiere mir naturverbonnen Aktivitéiten: Spadséieren, Schwammen, Naturpied entdecken, Staumauer bestaunen, mam Solarboot fueren,… Mir ginn och reegelméisseg op Besuch op Bauerenhäff, an den Déierepark an och historesch Aktivitéite stinn um Programm, doduerch datt eng Rei vu Buergen an der Géigend leien.

Mir schaffen enk mat der Schoul vun Heischent zesummen. All Kand kann d’Schoul kucke goen, sech mat den Ariichtungen do vertraut maachen an och d’Léierpersonal kenneléieren.

Eis Ausflich

Eis Butzemobiler erlaben eis, d’Kanner fir d’Ëmwelt ze sensibiliséieren, andeems mir hinne villfälteg Ausflich an Aktivitéiten ausserhalb vun der Butzemillen ubidden. Ausflich ewéi d‘Entdecke vun engem lokale Maart oder vun engem Theaterstéck, Besuch vun engem Themepark, enger Spillplaz oder enger Piscine, en Ausfluch an de Bësch, ee Picknick asw. gi reegelméisseg organiséiert.

Dës Ausflich stellen keng zousätzlech Käschte fir d’Elteren duer.