EIS TRËMP
EISE BAUSSEBERÄICH
Eis Crèche / eise Foyer de jour huet ee Bausseberäich, deen no Bedarf an Interessi ëmgestalt ka ginn. Mir leeë grousse Wäert op alldeeglech Zäit an der frëscher Loft, wat ee positiven Afloss op d’Immunsystem vun de Kanner huet.
,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“
Eis Zesummenaarbecht mat der Bibliothéik
Fir d’Kanner an hirer Sproochentwécklung z’ënnerstëtzen, gi mir eemol de Mount an d’Wëlzer Bibliothéik. Ënner anerem ginn hei Liesungen a verschiddene Sproochen ugebueden a mir léinen och Bicher aus fir se mat zréck an eis Butzemillen ze huelen an do ze entdecken.