EISE BAUSSEBERÄICH
Eise grousse Gaart mat verschiddenen Naturspillmoduler huet en direkten Accès zum Bësch, deen de Kanner erméiglecht u villen Aktivitéite an Abenteuer matzen an der Natur, an un der frëscher Loft, deelzehuelen.
,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“
Eis Ausflich
Eis Butzemobiler erlaben eis, d’Kanner fir d’Ëmwelt ze sensibiliséieren, andeems mir hinne villfälteg Ausflich an Aktivitéiten ausserhalb vun der Butzemillen ubidden. Ausflich ewéi d‘Entdecke vun engem lokale Maart oder vun engem Theaterstéck, Besuch vun engem Themepark, enger Spillplaz oder enger Piscine, en Ausfluch an de Bësch, ee Picknick asw. gi reegelméisseg organiséiert.
Dës Ausflich stellen keng zousätzlech Käschte fir d’Elteren duer.