EIS TRËMP
EISE BAUSSEBERÄICH
Eis Crèche / eise Foyer de jour huet ee Bausseberäich, deen no Bedarf an Interessi ëmgestalt ka ginn. Mir leeë grousse Wäert op alldeeglech Zäit an der frëscher Loft, wat ee positiven Afloss op d’Immunsystem vun de Kanner huet.
,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“
Eis Projeten
Zesumme mat den Elteren, Famillen an Noperen organiséiere mir reegelméisseg Projeten.
Et läit eis um Häerz, d’Origine vun all Kand kennen- a verstoen ze léieren an se an eiser Struktur opliewen ze loossen. Dowéinst hu mir ee Maskottchen an ee Kabarettist, déi mat all Kand reesen. All d’Elteren hunn och Accès op eng Familljenmauer an eisem Vestiaire.