Skip to main content

EIS TRËMP

EISE BAUSSEBERÄICH

Eis Crèche / eise Foyer de jour huet ee Bausseberäich, deen no Bedarf an Interessi ëmgestalt ka ginn. Mir leeë grousse Wäert op alldeeglech Zäit an der frëscher Loft, wat ee positiven Afloss op d’Immunsystem vun de Kanner huet.

,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“

Eis Projeten

Fir d’Kanner matt der Méisproochegkeet vertraut ze man, huet eist Erzéierteam ee Bibliotéiks-Eck ageriicht, wou mir de Kanner regelméisseg Geschichten a verschiddene Sprooche virliesen.

Eenmol pro Mount wärten mir och op Woltz an d‘Bibliotheik fueren. Eng Bibliothekarin huet dann do eng sorgfälteg Auswiel un Bicher virbereed an mir wärten desen Moment vum deelen notzen fir mat den Kanner Bicher ze entdecken.

Eis Ausflich

Eis Butzemobiler erlaben eis, d’Kanner fir d’Ëmwelt ze sensibiliséieren, andeems mir hinne villfälteg Ausflich an Aktivitéiten ausserhalb vun der Butzemillen ubidden. Ausflich ewéi d‘Entdecke vun engem lokale Maart oder vun engem Theaterstéck, Besuch vun engem Themepark, enger Spillplaz oder enger Piscine, en Ausfluch an de Bësch, ee Picknick asw. gi reegelméisseg organiséiert.

Dës Ausflich stellen keng zousätzlech Käschte fir d’Elteren duer.