Skip to main content

EIS TRËMP

EISE BAUSSEBERÄICH

Eis Crèche / eise Foyer de jour huet ee Bausseberäich, deen no Bedarf an Interessi ëmgestalt ka ginn. Mir leeë grousse Wäert op alldeeglech Zäit an der frëscher Loft, wat ee positiven Afloss op d’Immunsystem vun de Kanner huet.

,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“

Eise Projet

Well eist Personal verschidde Sprooche schwätzt, hunn d’Kanner scho ganz fréi d’Geleeënheet, mat méi Sproochen a Kontakt ze kommen (Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch, Hollännesch asw.). Spilleresch Aktivitéite ginn a verschidde Sproochen organiséiert, fir de Kanner eng oppe Geeschteshaltung ze vermëttelen.

Une jeune fille rousse avec une pomme sur la tête se tient devant un panneau sur lequel est écrit Bonjour dans différentes langues. Par exemple en indien, allemand, japonais, anglais. Mais à chaque fois, il est écrit en alphabet latin. Dans les crèches de Butzemillen, une attention particulière est portée à l'apprentissage de plusieurs langues dès le plus jeune âge et donc à la compétence d'agir dans un environnement multilingue.

Eis Ausflich

Eis Butzemobiler erlaben eis, d’Kanner fir d’Ëmwelt ze sensibiliséieren, andeems mir hinne villfälteg Ausflich an Aktivitéiten ausserhalb vun der Butzemillen ubidden. Ausflich ewéi d‘Entdecke vun engem lokale Maart oder vun engem Theaterstéck, Besuch vun engem Themepark, enger Spillplaz oder enger Piscine, en Ausfluch an de Bësch, ee Picknick asw. gi reegelméisseg organiséiert.

Dës Ausflich stellen keng zousätzlech Käschte fir d’Elteren duer.