EIS TRËMP
EISE BAUSSEBERÄICH
Eis Crèche / eise Foyer de jour huet ee Bausseberäich, deen no Bedarf an Interessi ëmgestalt ka ginn. Mir leeë grousse Wäert op alldeeglech Zäit an der frëscher Loft, wat ee positiven Afloss op d’Immunsystem vun de Kanner huet.
,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“
Eise Projet
Mir passen drop op, d’Mammesproochen an d’Kulture vun alle Kanner, duerch eng Rei Projeten, ze valoriséieren. D’Zesummenaarbecht mat den Elteren an eisem Alldag läit eis och immens um Häerz. Doriwwer eraus, hunn mir och eng Partnerschaft mam Fleegeheem Servior a mam Centre Caritas vun Dikrech, an stellen reegelméisseg kleng Projeten op d’Been wou Jonk an Al sech begéinen.