Skip to main content

EIS TRËMP

EISE BAUSSEBERÄICH

Eis Crèche / eise Foyer de jour huet ee Bausseberäich, deen no Bedarf an Interessi ëmgestalt ka ginn. Mir leeë grousse Wäert op alldeeglech Zäit an der frëscher Loft, wat ee positiven Afloss op d’Immunsystem vun de Kanner huet.

Op e puer Schrëtt vun eiser Crèche läit eng ëffentlech Spillplaz.

,,Et gëtt kee schlecht Wieder, et gëtt just schlecht Kleedung.“

Eise Bëschprojet

Eisen direkten Accès zum Bësch erlaabt de Kanner di frësch Loft an d’Natur ze genéissen an Erfarunge matzen am Mëllerdall ze sammelen.

Une éducatrice observe un enfant assis qui explore la forêt avec une loupe. Ces activités de nos creches stimulent la soif de découverte et d'apprentissage des enfants et les relient à la nature luxembourgeoise.

Collaboratioun mam Altersheem

Mir schaffe reegelméisseg mam Altersheem zesummen, dat direkt bei eiser Crèche läit. Aktivitéite ginn organiséiert fir d’Entwécklung vun de Kanner ze fërderen a gläichzäiteg den eelere Leit e Laachen op d’Gesiicht ze zauberen: Bak- a Molworkshops, Liesstonnen oder Gaardenaarbecht stinn hei um Programm.